Chargé·e de communication (m/f/x) – Deelzäit (50%) – CDD 18 Méint
Fedas Luxembourg
Job Description
Ab Juni 2026
Carrière C4
Wien si mir?
D’FEDAS Lëtzebuerg ass eng Federatioun an den Haaptacteur am Reseau vun den Organisatiounen am soziale Secteur. Si vertrëtt a verdeedegt d’Interesse vun hire Memberen, fir d’Situatioun um Terrain nohalteg ze verbesseren.
Eis Missioun
D’Siichtbarkeet, d’Transparenz an d’Widderstandsfäegkeet vun engem essentielle gesellschaftlechen a sozial relevante Secteur ze stäerken.
Är Roll: D’Stëmm vun der FEDAS Lëtzebuerg
Als Chargé.e de Communication spillt Dir eng wichteg Roll bei der Ëmsetzung vun der Kommunikatiounsstrategie vun der Federatioun. An enker Zesummenaarbecht mat der Kommunikatiounsekipp setzt Dir gezielt Moossnamen ëm, fir eis Aktiounen a Messagen no baussen ze droen an d’Visibilitéit duerch eng Villfalt vu Projeten ze stäerken.