Educateur diplomé / gradué (M/W/NB) - Familljenbegleedung (Esch-Uelzecht)

arcus asbl

Esch-sur-Alzette, Esch-sur-Alzette, Luxembourg
FULLTIME
Posted June 09, 2026

Job Description

Mir siche fir eise Service Familljenbegleedung (Assistance familiale & Placement familial) zu Esch-Uelzecht en Educateur diplômé oder gradué (m/w/d) am CDI mat 32-40 Stonnen/Woch.


Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’Besoinen vu Kanner, Jugendlechen a Familljen.


Deng Aufgaben:

Du intervenéiers am Doheem vun de Familljen a Fleegefamilljen, fir Kanner, Elteren a Fleegeeltere mat enger pädagogescher Ënnerstëtzung a Schutzdynamik ze begleeden: 

  • Eng individuell pädagogesch Begleedung fir Kanner a Jugendlecher assuréieren

  • Elteren a Fleegeelteren an der Ausübung vun hirer Eltereverantwortung ënnerstëtzen

  • Aktivitéiten an Ënnerstëtzungsmoossnamen ëmsetzen déi Autonomie, Sozialiséierung a Wuelbefanne vum Kand fërderen

  • Familljesituatioune observéieren an analyséieren

  • Un...