Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wungrupp Haus 4 zu Miersch - CDD 100%
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Job Description
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt
een Educateur diplômé an
fir seng Kanner- a Jungendwunngrupp Maison 4 zu Miersch
CDD deelzäit fir eng Dispense, Congé de maternité an eventuell e Congé parental ze ersetzen
Är Aufgaben:
Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner