Employé administrativ mat Kenntnisser an der Comptabilitéit (m/w)
Luxembourg Air Services
Job Description
Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréisste A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierte Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanzfligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Jorelaang Erfarung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loftrettung an dem medezinesche Rapatriement gemaach.
Mir sichen aktuell:
En Employé administrativ mat Kenntnisser an der Comptabilitéit (m/w)
(onbefristen Aarbechtskontrakt mat 40 Stonnen/Woch)
Är Roll :
Dir ënnerstëtzt eis budgetär Comptabilitéit an de follgende Beräicher:
Buchung an Kontroll vun de Kreditkaarten Decompten, iwwert eise System Rydoo
Virbereedung an Ausstellung vu Rechnungen
Comptabilit...