Job Description
Als eng vun de féierende Persounentransport- an Touristik-Entreprisen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun, beschäftegt Voyages Emile Weber méi wéi 2.300 Mataarbechter.
Fir d'Schoulrentrée 2026-2027 siche mir Schoulbusbegleeder (m/w/d) fir a verschidde Gemengen oder Schoulsyndikater am Ëmkrees vu Canach mam Schoulbus matzefueren.
D‘Plaz
Dir fuert virun der Schoul an no der Schoul am Schoulbus mat
Dir suergt fir e stressfräien a séchere Schoulwee mam Bus
Dir suergt fir Disziplin an Uerdnung am Bus
Dir kontrolléiert op all Kand ugestréckt ass a sëtze bléift
Äre Profil
Dir sidd pünktlech, verantwortungsbewosst, flexibel a kënnt gutt mat Kanner ëmgoen
Dir schwätzt gutt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch